Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Mat der Gemeng Conter an de „Bastogne War Museum“

Am Zesummenhank mat dem nationale Gedenkdag hat d'Gemeng Conter eng Visite an de neie „Bastogne War Museum“ organiséiert. Wuel befaasst sech dës 2014 erneiert a vergréissert Ausstellung mat dem Zweete Weltkrich, woubäi den Accent op der Ardenneschluecht läit. Am Fong ass de ganze Komplex awer eng Errënnerungsplaz, déi als ofschreckend Beispill géint de Krich an all senge Forme geduecht ass.


Op enger Surface vun 1.600 Quadratmeter mat méi wéi 400 Ausstellungsstécker a mat Hëllef vun Dekoren a vu Multimediainstallatioune gi beim Visiteur Emotiounen ervirgeruff, déi him d'Gefill ginn, dass dës Geschicht sech ëm hien selwer dréit. Virun allem awer maachen dräi „Szenovisiounen“ mat echte multisensoreschen 3-D-Inszenéierungen et méiglech, dass ee ganz an d'Geschicht andauche kann. Derbäi komme nach Audioguiden a véier Sproochen, déi d'Visite vun op d'mannst zwou Stonnen ni langweileg gi loossen.


Besicht gouf gläich niewendrun och nach de „Mardasson Memorial“ mat senger Krypta, déi de Fernand Léger, ee vun de bedeitendste franséische Moler vum 20. Jorhonnert, dekoréiert huet.


Um Heemwee op Lëtzebuerg gouf en éischten Halt zu Woltz beim nationale Streikdenkmal gemat. Vum Josy Lorent, Vizepräsident vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“, gouf et Erklärungen zu dësem imposante Bauwierk, dat no de Pläng vum Architekt Roger Wercollier -hien hat laang Joeren en Haus zu Conter- a mat Skulpture vu sengem Brudder Lucien Wercollier gebaut an den 30. September 1956 ageweit ginn ass.


Eng lescht Statioun war de Memorial „Schumanns Eck“ bei Noutem, wou vill amerikanesch an däitsch Zaldote während der Ardenneschluecht 1944-1945 gekämpft hunn a gestuerwe sinn. De Frank Rockenbrod, Grënnungsmember a President vum Verwaltungsrot vum „Musée national d'histoire militaire“ zu Dikrech a President vum „National Liberation Memorial“ um Schumanns Eck“, deen zoufälleg mat amerikanesche Krichsveteranen op der Plaz war, huet frëndlecherweis och de Visiteuren aus der Gemeng Conter ausféierlech a kompetent Explikatiounen iwwert déi schrecklech Krichsszene ginn, déi sech an dëser Géigend ofgespillt hunn.


Josy Lorent