Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Masken am Conter-Design fir all Awunner!

Contern D’Corona-Pandemie stellt eis all viru grouss Erausfuerderungen. Fir den Awunner vun der Gemeng Conter dës schwiereg Zäit e bëssen ze verschéineren an och sécherzestellen, dass se dës Pandemie a beschtméiglecher Gesondheet iwwerstinn, huet de Schäfferot vun der Gemeng Conter entscheet, all sengen Awunner eng genormt Mask am neie Conter-Design ze schenken. D’Maske kënne bis zu 50 Mol gewäsch ginn.

Dës eenzegaarteg Aktioun reiht sech an d’Covid-19-Präventionsmoossnam vum Schäfferot an. Esou bitt d’Gemeng och en Impftaxi-Service un, deen all eeleren Awunner ab 70, deen eng Aluedung zum Impfe krut, direkt bei den Impfzentrum féiert an duerno erëm heembréngt. Dëse gouf bis elo scho vu ronn 170 Awunner benotzt. An alle gemengeneegene Gebaier stellt d’Gemeng och Desinfektionsmëttel-Spender fir all Visiteuren zur Verfügung. Eng weider Upassung, déi de Schäfferot wéinst Covid-19 virgeholl huet, ass d’Ëmfonktionéierung vum grousse Sall am Centre culturel Mutfert an e Sall, dee fir all Versammlungen (ewéi d’Veräinstreffen) benotzt ka ginn. Heimat gëtt assuréiert, dass d’Ofstänn zu all Zäit agehale kënne ginn.

Och d’Betriber an d’Restaurante goufen net vergiess: Sou huet d’Gemeng viru Kuerzem zwou Lëschten erausginn, an deene all d’Awunner doriwwer informéiert ginn, wéini wat fir ee Geschäft a wat fir ee Restaurant seng Déngschter ubitt.

An dësem Sënn wënscht de Schäfferot vun der Gemeng Conter jidderengem vu ganzem Häerzen: Bléift gesond!