Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Jugend an d'Erënnerung un de Krich mat abannen

Duerch eng verstäerkte Sensibiliséierung an de Schoulen wëll d'EdF-Sektioun Conter d'Erënnerung un den Zweete Welkrich oprecht erhalen.


An hirer 24. Generalversammlung, déi am „Mutferterhaff“ ofgehale gouf, huet d'Sektioun vun der Gemeng Conter vun den Enrôlés de Force net nëmmen zréck mä och an d'Zukunft gekuckt, fir d'Jugend am präventive Sënn méi an d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich mat anzebannen.

No dem Hiweis, dass 17 zwangsrekrutéiert Jongen aus der Gemeng Conter net méi aus dem Krich heem komm sinn an dass momentan nach véier authentesch Zwangsrekrutéierten um Liewe sinn, huet d'Präsidentin Nicole Muller-Melchior ëm eng Gedenkminutt fir déi an der leschter Zäit verstuerwe Memberen Théophile Dennenwald a Marcel Zeimes gebieden.

Ausféierlech ass d'Sekretärin Cathy Diederich, Enkelin vun engem Zwangsrekrutéierten, op d'Aktivitéite vum leschte Joer agaangen. Zu Mutfert war am Mäerz mat dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Sibilla als Éieregäscht um Vernissage eng Ausstellung vum Marc Schoentgen iwwert d'Dynastie Lëtzebuerg-Nassau organiséiert ginn. Als Astëmmung op d'Journée de la Commémoration nationale ass zesumme mat der Gemeng Conter de neie „War Museum“ zu Baaschtnech besicht ginn. D'Sektioun war doriwwer eraus bei de Feierlechkeete vum Nationalfeierdag, op der „Journée des Récompenses“ an um Kongress vun der Zwangsrekrutéiertefederatioun vertrueden.

Am Numm vum verhënnerte Caissier Françis Jung huet d'Präsidentin Nicole Muller-Melchior de Finanzbericht virgedroen, dee no enger Kontroll vun de Revisoren Mariette Atten-Haag a Constant Goergen grad esou eestëmmeg ugeholl ginn ass wéi den allgemengen Tätegkeetsbericht. Ouni Diskussioun war d'Generalversammlung och domatter averstanen, fir de Joresbäitrag vun 8 op 20 Euro erop ze setzen.

Als Vizepräsident vun der „Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du nazisme“ a vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“ huet de Josy Lorent e längeren Iwwerbléck iwwert d'Aarbechten an d'Pläng vun dësen zwou Organisatioune ginn. D'Federatioun organiséiert vum 20. bis den 23. September 2018 eng Gedenkrees an déi berüchtegt Moorlageren am Emsland (D), de nationale Gedenkdag gëtt de 7. Oktober 2018 zu Dikrech begaangen an déi traditionell Erënnerungsfeier un de Massaker vu Sonnenburg (Slonsk) ass den 30. Januar 2019 zu Gréiwemaacher. Momentan si nach 24 Sektiounen an der Federatioun ageschriwwen, allerdéngs ass et ëm déijéineg vun Esch/Uelzecht, Hesper, Habscht a Simmer roueg ginn.

D'Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet huet d'EdF-Sektioun fir hier Aktivitéite félicitéiert, dobäi op d'Wichtegkeet vun der Erënnerungsaarbecht besonnesch an de Schoulen higewisen an d'Ënnerstëtzung fir eng intressant Initiativ zougesot, déi am Oktober am Kader vun der traditioneller „Journée de la Commémoration nationale“ zu Conter iwwert d'Bühn geet. Do gëtt nämlech an der Zentralschoul déi grouss Ausstellung gewisen, déi den 31. August d'lescht Joer bei der nationaler Feier fir de 75. Anniversaire vun der Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung, dem Generalstreik an dem Ufank vun den Deportatiounen a Schlesien hier Première hat.