Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Aal Trakter-Treffen zu Conter

07
Okt
2018
07 Okt

Den 1. Sonndeg am Oktober ass keen ewéi all déi aner zu Conter. Moies fréi wann den Niwwel nach iwwer dem Duerf läit, héiert een aus allen Richtungen Geknadders ukommen, an den dezente Geroch vun verbranntem Diesel an Ueleg läit an der Loft. Déi Conter Leit beonrouegt dat schonn laang net méi, well schonn fir déi 10. Kéier ass d’Traktertreffen fir Oldtimertrakteren zesummen mam traditionellen Äppelfest zu Conter bei der aler Hal. D’Äppelfest gëtt et scho bal 40 Joer. De Club des Jeunes vu Conter organiséiert et schonns zanter uganks den 80er Joren an et ass e feste Bestanddeel vum Duerfliewen zu Conter.

2009 huet de Comité vum Club des Jeunes no enger weiderer Attraktioun gesicht an dat war d’Gebuertsstonn vum Traktertreffen. An der Zwëschenzäit gëtt dëst Traktertreffen vun der “Conter Mouder a.s.b.l.” organiséiert. Dëse Veräin gouf virun 3 Joer gegrënnt mam Zil fir al landwirtschaftlech Geschir ze erhalen.

Wann d’Traktoristen, déi aus alle Géigende vun eisem Land an aus der Groussregioun zu Conter ukommen, gëtt et emol eng gutt Taass Kaffi, an deen een oder aneren brauch méi ewéi eng Drëpp fir erëm richteg waarm ze ginn. Alleguer zesummen fueren se dann am spéiden Moien op e flotten Tour. Op hirem Wee duerch an ronderëm Conter lackelt dëse Spektakel Grouss an Kleng virun d’Hausdieren. Nom Mëttegiessen gutt gestäerkt kann dann jiddereen d’Maîtrise vun sengem Trakter um Geschécklechkeetsparcours beweisen. Fachmännesch ginn d’Performancen vun deenen eenzelen Traktoristen vum Public analyséiert, an selbstverständlech kann jiddereen et besser. Et muss een sech eben just trauen selwer ze fueren. Weider Informatiounen, oder Méiglechkeeten fir sech unzemellen gëtt et op info@contermouder.lu, respektiv op www.contermouder.lu .