Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sange mécht Freed!

Mam neie Schouljoer war och e Freideg den 18. September déi éischt Prouf vum Kanner- a Jugendchouer am Centre ‚Kuerzwénkel’, dëst natierlech am Respekt mat den aktuelle Sécherheetsmesuren. En decke Merci un d‘Gemeng, déi sech bereet erkläert huet, dem Chouer dëse grousse Sall zur Verfügung ze stellen. D’Begeeschterung bei de Sängerinnen a Sänger war op jiddefall grouss a si hunn sech gefreet fir sech all erëm ze gesinn an zesumme mat hirem Dirigent ze sangen.

Wärend der Coronakris war de Chouer och ganz aktiv. All Woch haten si wéi gewinnt Prouf, dëst awer als Online-Prouf mat hirem Dirigent Marc Loewen, nom Motto ‘Bleif doheem a sang mat’. Si wollten och hiert Publikum weider vun doheem aus mat Online-Videoen am Confinement verwinnen. Esou huet de Chouer an der Ouschtervakanz mam Lidd ‘L’oiseau et l’Enfant’ hiren éischte Video publizéiert. Fir Nationalfeierdag wollten si och, trotz Covid-19, hire Beitrag leeschten. An de Faarwe rout, wäiss, blo ass en zweete flotte Video mat der Nationalhymne ‚d’Heemecht‘ entstanen. Zum Ofschloss vun dësem spezielle Schouljoer hunn d‘Sängerinnen a Sänger nach eng flott Iwwerraschung mat hirem Video ‘Feuerwerk’ gebueden.

En décke Merci a Respekt all deenen déi matgesongen hunn, besonnesch awer dem Dirigent, den sech bei all dëse Videoe ganz vill Aarbecht gemaach huet.

Dir fannt all d‘Versioune vun de Videoen op der Facebooksäit vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref an op Youtube Kanner- a Jugendchouer Consdorf.