Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konsdrefer Musek goes to Great Britain & Ireland

Sonndes, den 29. November 2015 hat d'Konsdrëfer Musek op hire Concert, deen ënner dem Motto "Konsdrefer Musek goes to Great Britain & Ireland" stoung, agelueden.

Ugefaangen huet et dëse Concert mat englesch, britesch an ireschen Téin, gespillt vun der Konsdrëfer Musek ënner der Direktioun vum Här Edgar Becker. Um Programm stounge folgend Stécker: Sons of the Brave, The Beatles in Concert, You Raise Me Up, Amazing Grace, The Floral Dance, Auld Lang Dance, Highland Cathedral an Gilbert O'Sullivan Selection.

No der Paus war et um Optrëtt vun der „The Luxembourg Pipe Band“, vun hinne konnten d'Nolauschterer folgend Stécker lauschteren: Scotland the Brave-Rowan Tree-Wings-Flett from Flotta; Steam train to Mallaig; Flowes of Scotland; The Luxembourg Pipe Band-When the pipers play; Bells of Dublane; Bonnie Lass O'Fyrie-Rainbow Country; Killiecrankie; The lion sleeps tonight; Greens Hills of Tyrol-When the Battle is over; Chasing Cars an La Boum.

No alle Musekstéin gouf ee gudde Saumonsteller oder eng lëtzebuerger Hameschmier zerwéiert.

D'Konsdrëfer Musek seet alle Supporten a Sponsere vun deem Owend een häerzleche Merci a freet sech elo schonn, fir Iech all bäi enger nächster Geleeënheet ze begréissen.

Iwwregens:
Ob jonk oder al; klengt oder grousst Instrument; JIDDEREEN ass bäi der Konsdrëfer Musek ganz häerzlech wëllkomm. D'Prouwe sinn ëmmer Méindes owes zu Konsdrëf am flotte grousse Museksall, vun 19.45 – 21.45 Auer. Niewent Hämmelsmarsch, Cortègen a Concert’en huet d'Musek och déi eng oder aner geselleg Aktivitéit am Laf vum Joer.

Kontakt:
Christiane Mergen
tel: 691 45 56 52
chmergen@yahoo.de

(Fotoën: Hoffmann Willy, Konsbruck Tanja)