Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Klibberen 2021 an der Gemeng Konsdref

VILLMOOLS MERCI fir all Är léif Gesten 😊

Är Massendénger a Klibberkanner 2021 aus der Gemeng Konsdref


https://web.cathol.lu/article7155


Hutt Dir doheem iergendwou eng Klibber ronderëm leien, déi Dir net méi braucht an Dir wësst net wat Dir domatter maache sollt : Mir freeën eis iwwer all Klibber fir eise “Klibberstock” ze vergréisseren (fir deene Kanner aus eiser Gemeng zur Verfügung ze stellen, déi fir d’Klibberaktioun keng eege Klibber hunn).



D’Massendénger aus der Gemeng Konsdref siche Verstäerkung:

An der Mass aktiv matmaachen - Klibbere goen – een Ausfluch matmaachen – Member vun engem klengen aktive Grupp sinn – bäi nationalen Aktivitéite fir Massendénger matmaachen – Oktavpilgermass fir Massendénger – grousse Massendéngerdag - eemol als Massendénger mat op Roum fueren.... dëst an nach villes méi kann ee bäi a mat de Massendénger erliewen (virun allem wann déi aktuell Pandemie eis nees vill méi Aktivitéiten erlaabt)!

De Massendéngergrupp aus der Par Konsdrëf sicht Kanner a Jugendlech déi bäi hire Grupp dobäi komme wëllen – all Kanner vum Cycle 3 un, sinn häerzlech wëllkomm.

Komm maach aktiv mat! Mir brauchen dech!

Kontakt: massendengerconsdorf@pt.lu / https://web.cathol.lu/article5966