Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fréijoersconcert vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref

E vollen Erfolleg war och den zweete Fréijoersconcert vum Kanner- a Jugendchouer an engem, bis op déi lescht Platz, gefëllte Festsall um Scheedgen.
De Chouer huet ugefaange mat der Heemecht zur Éier vum verstuerwene Grand-Duc Jean a no enger Gedenkminutt fir hien, hu si de Léit am Sall ee flotte Programm zum Beschte ginn. Mat Lidder ewéi L‘oiseau et l‘enfant, Den Trampels Jeff, Chöre, Some Nights a verschidden Auszich aus Musicale wéi Grease, Cats, The Lion King a Mary Poppins, hu si ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Marc Loewen an hirer Band, mam Marco Bermes um Drumset a Romain Boden um Bass, dem begeeschterte Publikum vill Applaus an zum Schluss eng Standing Ovation erausgefuerdert. Eng schéin Tombola sollt och net feelen. 

De nächste Concert sengt de Kanner- a Jugendchouer, zesumme mat der Chorale Berdorf/Consdorf, e Samsdeg de 6. Juli um 20.00 Auer am Kuerzwénkel zu Konsdref.