Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fréijoersconcert vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref

Konsdref/Scheedgen

Beim engem bis op déi lescht Plaz gefëllte Sall um Scheedgen, huet de Kanner- a Jugendchouer Konsdref no der Ouschtervakanz e flotte Fréijoersconcert zum Beschte ginn. Ënnert der Leedung vum Gilbert Théato goufe Lidder virgedroen, déi hien a senger kuerzer Zäit als Interims-Dirigent während 4 Méint ageprouft huet. Dozou hunn ënner anerem Lidder vum René Hornick gehéiert, déi de Gilbert schonns zu senger Kannerzäit am Pafendaller Kannerchouer gesongen huet. Bei engem Fréijoersconcert däerf natierlech dat beschtbekannte Lidd „D’Margréitche“ vum Laurent Menager net feelen. Awer och Jazzlidder vum Georges Urwald an eng Rëtsch modern Poplidder stoungen um Programm. Dës Lidder souwéi och d’passend Texter déi tëschen de Lidder vun de Kanner zum jeeweilege Lidd virgedroe goufen, si ganz gutt beim Publikum ukomm an d’Stëmmung an dem iwwerfëllte Sall war exzellent. Zum Schluss vum Concert huet de Gilbert Théato den Dirigentestaf a Form vun enger Baguette weider ginn un de neien Dirigent Marc Loewen, deen ab elo d‘Leedung vum Kanner- a Jugendchouer iwwerhëllt. Eng flott Tombola huet bal keen Nolauschterer heem goe gelooss, ouni e Gewënn matzehuelen.

De Kanner- a Jugendchouer (kajuconsdorf@gmail.com, Tel. 79 9274) freet sech iwwer all nei Sängerin a Sänger vu Konsdref oder aus de Gemenge ronderëm.