Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Kanner- a Jugendchouer schéckt digital Chrëschtdagswënsch🎄

D‘Sängerinnen an d‘Sänger vum Kanner- a Jugendchouer ware fir Chrëschtdag ganz aktiv an hunn gläich mat dräi neien Online-Videoe ‚In der Weihnachtsbäckerei’, ‚The First Noel’ a ‚We wish you a Merry Christmas’ fir flott Chrëschtdagsstëmmung gesuergt. Zesumme mam Marco Bermes um Drumset a Romain Boden um Bass, huet de Marc Loewen um Piano begleet a war och de Produzent vun de Videoen. D’Videoe kënnen iwwer de QR Code ofgeruff ginn.

Mat dësem digitale Chouergesang beweisen d'Kanner an d'Jugend, dass och op dës flott Aart a Weis ‚Freed um Sangen‘ a Coronazäite méiglech ass.