Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’Heemecht live vun doheem

Op Grond vun den aktuellen Ëmstänn huet de Kanner- a Jugendchouer Konsdref sech et net huele gelooss, trotz Covid-19, säi Beitrag fir Nationalfeierdag ze leeschten. Esou huet jidderee doheem säi Video mat der Nationalhymne opgeholl, déi de Marc Loewen, Dirigent vum Chouer, zesummegemixt huet an d‘Resultat léist sech weisen. Dir fannt dës Versioun op Youtube ënnert dem Link https://youtu.be/ExBFv7M9B94  oder op der Facebooksäit vum Chouer. Villmools Merci all deene déi matgemaach hunn, besonnesch awer dem Marc Loewen fir seng vill Aarbecht. Mir hoffen geschwënn erëm Live zesumme sangen ze kënnen. 

Hues du Freed um sangen a wëlls matsangen, da mell dech op kajuconsdorf@gmail.com.