Wählen Sie Ihre Nachrichten​

15 Jar Gebuertsdagsconcert Kanner- a Jugendchouer Konsdref

De Kanner- a Jugendchouer Konsdref huet fir säi 15. Gebuertsdag op e flotte Concert Enn September invitéiert. An dem gutt gefëllte Centre Kuerzwénkel hu si eng Variatioun vu flotte Lidder aus deene leschte 15 Jar, awer och ganz Neies, mat der Ënnerstëtzung vun hirer Band, zum Beschte ginn. De Romain Osweiler, Vertrieder vun der UGDA, huet bei dëser Geleeënheet 11 Sängerinnen a Sänger mat Medailen fir jeeweils 5 an 10 Jar ausgezeechent. Virum Concert a wärend der Paus huet eng Fotoshow déi wichtegst Optrëtter a Momenter vun deene leschte 15 Jar vum Kanner- a Jugendchouer zeréck gespigelt. Zum Schluss huet dat begeeschtert Publikum dem Chouer, mat sengem neien Dirigent Marc Loewen, eng Standing Ovation zum Beschte ginn.