Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’Musek vu Colmer-Bierg feiert 150. Gebuertsdag

24
Sep
24 Sep 16 Okt

1872 ass zu Colmer-Bierg e Museksveräin gegrënnt ginn: „ Musik-Gesellschaft Orania zu Colmar-Berg“. Den Numm huet am Laf vun de Jore geännert. Aus der „Musikgesellschaft“ gouf d’Fanfare Orania an 1992 dunn d’ „Harmonie Grand-Ducale Orania Colmer-Bierg“.

150 Joer ass natierlech e Grond fir ze feieren. Den Organisatiounscomité ënnert der Presidentschaft vum Arthur Arendt, huet de Programm zesummegestallt.

Et sollt am Januar lassgoen, mam „Neijoerschconcert“ als Optakt vun de Feierlechkeeten. Corona bedéngt ass den awer op de 14. a 15. Mee verluecht ginn.

De 26. Mäerz konnt d’Ettelbrécker Musek awer dunn hire Gala Concert spillen an dat mat groussem Succès.

„Zeréck an d’Zukunft“ huet et de 14. a 15. Mee zu Colmer-Bierg geheescht. D’Harmonie Orania konnt, ënnert der Leedung vum Maxim Volgin, d’Publikum zweemol begeeschteren.

Den Ern Marnach hat dozou eng flott Projektioun zesummegestallt, déi d’Geschicht vum Veräin a vum Duerf an och déi musikalesch Stécker dokumentéiert huet. D’Presidentin Anny Jacobs-Lies huet duerch de Programm gefouert.

D’Musek krut den Owend och e Gebuertsdagscadeau, e Saxophone alto Yanagisawa WO 20, de virum Concert offiziell iwwerreecht gouf. Den generéise Spender war den Ed. Wagner. Scho säi Grousspapp, Adolphe Wagner, séngerzäit Buergermeeschter a President vun der Musék hat een Instrument gestëft. Virun 10 Jor hat den Ed. Wagner e Marsch gesponsert: de Rippsmarsch.

D’Musek feiert d’ganzt Joer weider.

Am Park zu Colmer-Bierg gëtt een Denkmal opgeriicht. Dat symboliséiert d’Grënnung vum Veräin als Wierksmusek vun der deemoleger Schmelz a Schmëdd Majerus-Schoeller, dem säin Direkter Alfred Schoeller och den éischte President war. D’Aweiung ass e Samschdeg, de 25. Juni. Deen Dag an och sonndes, de 26. Juni spillen d‘ Nopeschmuseken e Concert am Park: Schieren, Miersch, Bissen, Feelen, Noumer a Mertzig. Samschdes owes spéit wäerten och nach d’Warkdallbléiser fir Stëmmung suergen. Fir Iessen an Drénken ass natierlech de ganze Weekend gesuergt.

Am Hierscht geet et dann de 24. September weider mam Galaconcert vun der Militärmusek am Centre culturel ënnert der Leedung vum Christian Kirpes.

Och dat traditionellt Vizfest steet de 16. Oktober um Programm.

Als Ofschloss vun de Feierlechkeete kommen déi fréier an haiteg Membere vun der Orania zesumme fir hire Konveniat. Opus 78 spillt am Nomëtteg e Concert am Centre culturel, den natierlech fir de grousse Public op ass.

Et lount sech all Kéier op Colmer-Bierg ze kommen!

(Weider Informatiounen op: www.colmermusek.lu)