Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Hämmelsmarsch zu Präitler, Kolwent a Marscherwald

De Präitler Gesank huet et sech net huele gelooss, trotz Covid-19, den traditionellen Hämmelsmarsch fir d'Kiermes vu Präitler, Kolwent a Marscherwald ze sangen.

Well d’Reegelen et esou virgesinn haten, sinn si nëmmen zu 4 duerch Dierfer gezunn, dëst am Respekt vun den aktuelle Sécherheetsvirschrëften. D’Wieder huet sech vu senger beschter Säit gewisen an d’Leit waren frou iwwer e bëssi Kiermesstëmmung an hiren Dierfer. D’Kiermesdrëpp huet natierlech och net gefeelt.