Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chrëschtconcert vum Kanner- a Jugendchouer Konsdrëf

Konsdrëf: De Kanner- a Jugendchouer huet op hiren traditionellen Chrëschconcert an d‘Kierch zu Konsdrëf agelueden. Ënnert der Leedung a begleet um Piano vum Claude Keiser, a mam Romain Boden um Kontrabass, hunn sie al an nei Chrëscht- a Wanterlidder firgedroen. D’Linda Théato huet mat sengem Cello solo, e Christmas-Medley, d’Nolauschterer verwinnt. D’Solisten aus den eegene Reien, souwuel op den Instrumenter, awer och als Begleedung bei de Lidder, a mat Danz, hun de Publikum mat engem ganz ofwiesslungsräiche Programm begeeschtert. Bei engem Patt Glühwäin a passendem Gebäck huet dësen Owend e geselleschen Ofschloss krut.