Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Visitt vun der Kaalbermillen

Fir d'Rentrée sinn d’Schülerinne a Schüler vun der Sektioun Sciences Environnementales (GSE) aus dem Lycée Technique d'Ettelbruck zesumme mat hieren Enseignanten op d’Kaalbermillen an der Gemeng Clierf gefuer. Am Schied vun der aler Millen, déi 1728 fir di éischte Kéier erwäänt gouf an zanter 1997 am Besetz vun der Stëftung Hëllef fir Natur an Ëmwelt ass, goufen si vum Responsabele Fränk Thielen häerzlechst empfaangen. Mat him zesummen hunn si sech op eng Entdeckungstour gemaach, wou di 6 Themegebidder vun der Sektioun SE, also Offall, Energie, Loft, Mobilitéit, Buedem a virun allem Waasser, de Schüler mi no bruecht goufen. Heibäi gouf och d’Wichtegkeet vun der Muschelzuucht hei op der Kaalbermillen ervirgehuewenen, mat dëser d’Qualitéit vun der Our als Liewensraum erhale bleiwe soll.


No engem gudde Mëtteskascht ass et dunn mat Seminäre wieder gaangen, wou déi nei Schüler vun der 2GSE en Abléck krute vun deem, wat si dëst Joer wäert op der SE erwaarden. Och Schüler vun der 1GSE ware mat dobäi, fir hier Aarbechte vum leschte Joer ze presentéieren a stunge fir all Fro Ried an Äntwert.


Fir de ganzen Dag ofzeronne, gouf et no dem Seminaire nach en impressionanten Tuer duerch di eenzegaarteg Natur ronderëm d’Our mat interessanten Explikatioune vun dem Fränk Thielen. Ofgeschloss gouf de ganze Programm mat enger Visitt vun dem Europadenkmol op dem Dräilännereck.