Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fréijoersbotz-Aktioun an der Clierfer Gemeng

D'Organisateuren vun der Ëmweltkommissioun aus der Clierfer Gemeng haten dëser Deeg een Opruf gemach fir och dëst Joer sech an enger Grouss Botz Aktioun ze bedeeligen. Méi wéi 220 Léit, aus 13 Dierfer vun der Clierfer Gemeng waren bereed fir laanst Stroosen a Wanderweeër den ewech geworfenen Dreck opzerafen.

Dobäi gouf sech a kleng Gruppen opgedeelt, a d'Resultat hat sech leider och dëst Joer weise geloss. Ët ass ëmmer nees erstaunlech, wat a wéivill an d'Natur gehäit gët.