Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Remise de Chèque am Sportlycee

Leschten Dënschden, de 02. Juli, huet am Sportlycée eng Remise de Chèque stattfonnt. Am Kader vun der zweeter Editioun vun der Chrëschtfeier, déi am Dezember am Sportlycée vum Sport + organiséiert gouf, war en Total vun 11.000 Euro gesammelt ginn, déi direkt un zwou Associatioune gespent goufen (Amiavy Asbl / Fondatioun Kriibskrank Kanner). Mir soe jidderengem Merci, dee matgehollef huet an zu dësem Montant bäigedroen huet.