Wählen Sie Ihre Nachrichten​

International Gedenkfeier am KZ Natzweiler-Struthof

Den 24. an 25. Juni 2017 war eng Delegatioun vun der Amicale Natzweiler-Struthof am fréieren KZ Natzweiler-Struthof am Cadre vun den "Cérémonies commémoratives internationales Struthof". No dem Vernissage vun der Ausstellung vun "Nous et les autres: des préjugés au racisme" an der uschléissender Nuetsveillée, war den 25. Juni dunn déi grouss a beweegend international Gedenkfeier. Fir ganz besonnesch un déi Lëtzebuerger ze denken, déi zu Natzweiler waren an och ëmkomm sinn, fiert d'Amicale dëst Joer den 2. September 2017 dohinner. Interesséiert Leit kënnen sech gären bäi der Amicale mellen: www.amicale-natzw.lu