Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Flotten Dag mat der "Amicale des Receveurs Communaux Pensionnés ARCP"

Bei schéinstem Hierschtwieder huet déi 3 ten" Recontre des Anciens" am Möllerdall op der Millen stattfonnt.Mat Freed a gudder Laun, vital a bei bëschter Gesondheet haten sech 30 Kolleginnen a Kollegen mat Partner ugemellt, fir sech op dësem Frëndschaftstreffen den 25.Oktober 2018 erëm ze gesinn.

Den Dag gouf ageleet mat engem Trëppeltour am schéinen Möllerdall. Duerno nom Apéritif gouf d´Mëttegiessen zerwéiert an och ee kille Patt huet net gefeelt.E puer gemittlech Stonnen hu mir zesummen verbruecht an un fréier Zäiten erënnert.

Eis nächst periodesch "Rencontre Amicale" ass geplankt fir de 15.Mee 2019 an fënnt statt am Minett zu Zowaasch an der Gemeng Déifferdang.Jidderen ass wëllkomm a gär gesinn.