Wählen Sie Ihre Nachrichten​

FC Noertzange - FC Olympia Christnach

Haut huet den Fco hieren 4. Championnatsmatch vun der Saison gespillt. Dei Giel sinn gudd an den Match gestart an haaten och 1, 2 Chancen am Ufank vum Match.No ongefeier 30 Minutten ass den FCO dunn an Féierung gaangen.Den Pierre huet eng wonnerschein Flank op den Ken Schmitz bruecht deen en wonnerscheinen Käpper konnt eransetzen.Den FCO konnt bis zur Halschent eis Féierung haalen an ass mat enger verdéngter 1-0 Féierun an d'Paus gang. An der 2. Halschent huet den FCO direkt den 1-1 an der eischter geignerescher Aktioun kasséiert.10 Minutten dono huet d'Lokaléquipe dunn och den verdéngten 2-1 geschoss an den FCO krut en klengen Dämpfer.Dunn haaten dei Chrestnecher nach eng 100% Chance vum Ken Schmitz deem den Ball een Meter virum Gool ouni Keeper am Gool iwwer den Fouss rutscht an op d'Laat geet.Des Aktioun gouf dunn vun enger weiderer grousser Chance vun den Gielen suivéiert dei awer och vum Jacques Bernard net genotzt konnt ginn, wourobber Närzeng mam 3-1 geäntwert huet. D'Auswärtséquipe konnt awer dunn no 70 Minutten den 2-3 schéissen deen duerch eng wonnerschein Flank vum Ken Schmitz iwwert den Keeper op den Jacques Bernard gespillt gouf deen sech dunn och nach an d'Goollescht konnt androen.Dunn kasséiert den FCO duerch individuell Feeler nach 2 Gooler an verléiert den Match mat 5-2.
Text: Ken Schmitz
Fotoen: Sandy Guill