Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"LES AMIS DU CHANT,Luxembourg" Bilanz und Ausblick

Den traditionellen "Trëppeltour" um 15 August (dëst Joër op Stolzebuerg/SEO), huët ët den "Amis" erlabt, Bilanz vun der 1.Halschend 2015 zë zéiën, an en Ausbleck op déi 2.Halschend vun hiren Aktivitéiten ze machen.

Dë Projet "Yesterday" huët bei Concert-ën zu Kayl, Lëntgen, Zolver(Artikuss) a Stengefort, mee och bei 2 Concert-ën um Bodensee (Messkirch a Meersburg) mat engem Programm vun Jazz,Blues,Swing-Melodien an eng éischter ongewinnt Richtung gefouert.

Mat der "Messe in F-Dur" vum Laurent Menager a mat Auszich aus dem "Elias" vum F.Mendelssohn-Bartholdy gouf awer och déi spirituell Musek nët vergiëss bei engem "festlichen Hochamt" an der Kierch zu Mengen(Bodensee), an bei "summerlecher Mëttesmusek" an der Kathedral zu Lëtzebuerg.

No der Summervakanz steet dann d'Virberedung op déi traditionnel (seit 1992) "Christmas Carols" neess um Programm. Dëst Joër kann en déi materliëwen am Conservatoire Lëtzeburg (15.12.) an an de Kiërchen vun Weiler-la-Tour (13.12.) an Dalheim (17.12.)

Photos:
1) d' "Amis" op der Seebühne Bregenz 2 Deeg virun der Première vun "Turandot"
2) de Concert "Yesterday" zu Zolver (Artikuss)
3) "Christmas Carols 2014" am Conservatoire

wëllt Dir méi wëssen ?: www.amisduchant.lu