Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Cabaret Batter Séiss’s Premiere “IWWERLIEFT“

14
Jan
2022
14 Jan

E Freideg, den 14. Januar 2022 invitéiert den Dësch - Tennis Amicale Cessange ganz häerzlech op säi Cabaretsowend am Centre Culturel vun Zéisseng.

D’Equipe vum Cabaret „Batter Séiss“ (Rob Wagner, Vicky Wagner a Liette Wilgé) spillt do um 20.00 hir Premiere “Iwwerlieft“.


D’Entrée kascht 15 € fir Erwuessener an 9 € fir Kanner bis 12 Joer.


Reservatioune ginn um Tél. 621 153 621 oder per e-mail altmrola@pt.lu ugeholl.


Dös Manifestatioun leeft ënnert dem Regime vum Covid-Check.