Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Am Kader vum Zéissenger Bichermaart: De Jean Schoos liest aus séngem neie Buch!

24
Jan
2020
24 Jan

Freides, de 24. Januar 2020 ëm 19.30 Auer am Centre Culturel zu Zéisseng stellt de Jean Schoos ënnert anerem och säin neit Buch vir.

De Jean Schoos ass net nëmmen zu Zéisseng gebuer, mee huet och 30 Joer an der Zéissenger Strooss an niewent dem Waassertuerm gewunnt. Dofir huet hien a sénge Romaner op e puer Plazen iwwer Zéisseng geschriwwen. Vu sénger Krimiserie "Gudde Gendaarm, béise Gendaarm", déi an der Zäit vun 1963 bis 1983 zu Lëtzebuerg spillt, huet hie virun engem décke Mount säi 4. Roman iwwert dem Kapitän René Fischbach seng Ermëttlungen erausbruecht mam Titel "Operatioun Meedag".

Fir eise Bichermaart wëllt de Jean Schoos Passagen aus dem "Drëtte Schlëssel", der "Schaarfer Munitioun", den "Déidlechen Ofgrënn", mee virun allem aus séngem neiste Roman virliesen. Do wäert Dir méi iwwert zwee jonk Borschte gewuer ginn, déi zu Zéisseng bei engem Depositaire schaffen an duerch eng Rei vun Evenementer an eng tragesch Affär geroden, un där sie selwer net ganz onschëlleg sinn.

Den Entrée ass fräi. No der Liesung verkeeft a signéiert den Auteur och séng Bicher.