e Concert Classique wéi keen aneren um Cents,

de Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff haten den 12. November an der Cents'er Kierch e Beneficeconcert zu Gonschten vun der "Fondatioun Kriibskrank Kanner" zum Beschte ginn, ënnert der Leedung vun der Mme Josée Faltz-Wilmes, um Piano den Daniel Lang, Conferencier den Pierre Wilmes.


de Concert gouf offréiert vun de Chorales d'Hommes Réunies Luxembourg.


An enger gutt gefëllter Kierch an vrun engem opmierksame Publikum, huet de Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff, Wierker vun dem "Franz Schubert - Gabriel Fauré - an Edvard Grieg" an nach vill aneren interessanten Komponisten opgefouert.


Den Entrée war fräi, et gouf awer eng Quête gemaach, an aus dëse fräiwëllege Spenden huet de Männerkouer Ste-Cécile Neuduerf-Weimeschhaff en Don un "Fondatioun d'Kriibskrank Kanner" gemaach.


De Chèque gëtt an den nächsten Deeg un Mme Denise WEIMERSKIRCH vun der "Fondatioun Kriibskrank Kanner" iwwerreecht.

.

Merci dem Publikum an alleguerten déi fir dësen Concert Classique mat gehollef haten.

Romain HENRION

President vun dem Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff