Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Theater „E Liewen op Staatskäschten“ am Centre Culturel Neiduerf

18
Jan
2019
20 Jan

"Neiduerfer Brandstëfter" D’Theaterequip vun der Faubourgs Musek Clausen-Neiduerf-Weimeschhaff spillt „E Liewen op Staatskäschten“ am Centre culturel am Neiduerf.

D’Première ass Freides den 18. Januar. Eng weider Virstellung Samschdes den 19. Januar. Rido 20 00. Oweskeess 19 00. Sonndes den 20. Januar. Rido 15 00 Mëtteskeess 14 30 .

Ënnert der Regie vum Claude (Menni) Hornick spillen: Mex Etringer, Marianne Cames, Claude Dupont, Claude Hubert, Christian Loewen, Nelly Winandy, Jeannot Elens, Fabian Loes, Georges Mayer, Alice Sauber, Gaby Hornick. An der Pësperkëscht sëtzt de Guy Grosber. Technik: Romy Neuen. De Maquillage läit an den Hänn vum Geneviève Hornick-Hoffmann. Reservatiounen um Tel. 48 03 63 oder per Mail: theater@fofa.lu Info op www.fofa.lu