Wählen Sie Ihre Nachrichten​

WonschKaarten vun der FAL sinn do!

Déi éischt Woch am November sinn eis nei WonschKaarten, déi och erëm dëst Joer vun eise fläissege Bewunner an de Wunnstrukture selwer gebastelt gi sinn, un de Public dobausse verschéckt ginn.


Mat jee enger Remerciementskaart an enger Chrëschtdagskaart soe mir all Persoun, déi eis am Laf vum Joer finanziell ënnerstëtzt huet, villmools Merci. Hir Presenz op eiser Säit huet eis erméiglecht, eise Beneficiairen all Dag adaptéiert Servicer kënnen ze garantéieren.


Nach ëmmer si mir op är Ënnerstëtzung ugewisen, esou dat mir d’Wuel vun eise Leit garantéiere kënnen.


Mat engem einfache Mail un communications@fal.lu kënnt Dir Är Kaart nach haut bestellen.


Gäre kënnt Dir eis och iwwert dëse Link https://www.fal.lu/unterstuetzung/online-spende/warum-geld-spenden/ mat engem einfachen Don ënnerstëtzen.


E grousse Merci fir all Hëllef, déi mir vun Iech kréien.


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #MERCI #Kaarten