Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wéi een Impakt hunn d'COVID-19 Mesuren op d’Liewe vu Persounen mat Autismus?

Ëmmer rëm ginn et nei Mesuren, déi mam Coronavirus a Verbannung stinn. Mä, wéi een Impakt hunn dës Mesuren op d’Liewe vu Persounen mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung?


Déi aktuell Mesuren, déi d’Verbreedung vum COVID-19 limitéiere sollen, brénge vill Changementer an eisem Alldag mat sech. Sozial Kontakter vermeiden, eng virgeschriwwe Maskenflicht a vun doheem aus schaffe sinn nëmmen e puer vu ville Beispiller. Mä, wat bedeiten dës Changementer fir Leit mat Autismus?


Mir hu bei eisen Experten vun der @Fondation Autisme Luxembourg nogefrot. Duerch hir Hypersensibilitéit ginn hir sensoriell Reizer méi staark ugesprach. Aus dësem Grond verdroen si oft just ganz schlecht oder guer net eng Mask. Dëst féiert dozou, dass si sech och gären eemol isoléieren a guer net méi aus dem Haus ginn.


Zudeem ass et fir Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung fir hir Orientéierung immens wichteg, eng kloer Struktur a Routine an hirem Alldag ze hunn. Mä grad elo, an enger Zäit, an der sech vun engem Dag op deen aneren ëmmer erëm alles ännere kann an et stänneg nei Restriktiounen vun der Regierung ginn, déi en Impakt op eisen Alldag hunn, gëtt hir Routine komplett op de Kapp gestallt.


Eisen Ënnerstëtzungsdéngscht gëtt säi Bescht, fir de betraffene Persounen an dëser schwiereger Zäit zur Säit ze stoen an si bei dëse Changementer ze begleeden. Wann och Dir op Ënnerstëtzung ugewise sidd, da maacht e Mail un soutien@fal.lu.


#FAL #ËMMERDO #Luxembourg #soutien #Ënnerstëtzung #COVID19