Wählen Sie Ihre Nachrichten​

PORTE OUVERTE VUN DER FONDATION AUTISME LUXEMBOURG

!! SAVE THE DATE !!


De 24 September lued Iech d’Fondation Autisme Luxembourg op eis Porte Ouverte an.


Vun 10 bis 17 Auer kënnt Dir op eisem Site zu #Rammerech déi verschidden Aktivitéite vun der FAL kenneléieren an e flotten Dag verbréngen.


Vun Informatioune ronderëm den Autismus bis hin zu Facepainting a musikalescher Animatioun, hei ass fir déi ganz Famill eppes dobäi.


Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.


Mir freeën eis op Iech !!


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #autismus #porteouverte