Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Merci un Radio ARA


Mam Ofschloss vun eiser Artikelrei „12 Méint – 12 Geschichten“ geet lo dës Woch an deem Kader och eise Projet mat Graffiti, d'Jugendsendungen um Radio ARA , op en Enn. Mat Hëllef vu Benevolle goufen eis Artikelen all Mount am Studio als Podcast opgeholl, déi dann och eemol de Mount um Radio ze héiere waren.


Mir soen all de Benevolle, Radio ARA an och Graffiti, d'Jugendsendungen um Radio ARA nach eemol e grousse Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht a fir dës Méiglechkeet, datt een eis Artikelen och elo nach all als Podcast ze fanne kritt. Merci och Manon Bissen fir deng Bereetschaft.


All Episod vun dësem Projet fannt Dir ënnert https://www.ara.lu/shows/12-meint-12-geschichten/


#FAL #ËMMERDO #Luxembourg #autisme #RadioARA #Merci #Podcast #12Méint #12Geschichten