Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Den Service Kommunikatioun vun der FAL

dav

De Service Kommunikatioun vun der FAL setzt sech aus dem Silvia, dem Patrick a dem Christophe zesummen. Hier Aarbecht besteet doran, d'Fondatioun mat hire ville Servicer, mee och mat hire Besoinen an der Gesellschaft méi siichtbar ze maachen. D'Gestioun vun de soziale Medien a der Press, de Kontakt mat de Spender, Koordinatioun vun Events a d'Ëmsetzung vun Fundraising-Aktioune sinn z.B. Aufgabe vum Service. D'Aufgabe si ganz villfälteg a maache Spaass. Kontakt kennt Dir ophuelen iwwert Facebook, Linkedin, Twitter, Instagram, Google oder schreift ënner communnications@fal.lu.