Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'FAL bastelt Chrëschtdagskaarten

D’Enn vum Joer kënnt ëmmer méi no an eis Bewunner sinn am Bastelatelier scho fläisseg domat beschäftegt, d’Chrëschtdagskaarten ze bastelen.


Dir wëllt Äre Léifsten dëst Joer ganz besonnesch Kaarte schécken an dobäi nach eng gutt Dot maachen? Dann mellt Iech ënnert communications@fal.lu, a bestellt Iech Är perséinlech Chrëschtdagskaarten, déi vun engem vun eise Bewunner mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung gemaach gi sinn! De stock ass begrenzt.


#FAL #ËMMERDO #Luxembourg #chrëschtdaagskaarten