Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Autisport: D'Sportstonne vun der FAL fannen rëm statt!

Eis Sportsstonne vun „Autisport“ fënken ab dëser Woch erëm un! Dës ginn awer natierlech am strikten Anhale vun den aktuelle Sécherheetsmesuren ofgehalen.


Bei dëser Geleeënheet wëlle mir och dorop opmierksam maachen, datt et ëmmer nach fräi Plaze ginn, fir matzemaachen! Onofhängeg vum Alter an onofhängeg vun de sportleche Fäegkeeten, ass all autistesch Persoun wëllkomm, sech mat eis zesummen auszepoweren!


Des Weidere si mir och ëmmer nach op der Sich no Benevollen, déi Loscht an Zäit hunn, d‘Participante wärend hire Sportsstonnen ze begleeden an dobäi nei wäertvoll Erfarungen ze sammelen!


D'Sportsstonne fannen all Méindes owes, ofgesi vun de Schoulvakanzen, an der Sportshal um Briddel statt. D'Participante ginn an 3 verschidden Altersgruppen opgedeelt.


Fir all weider Informatioun zur Umeldung oder zu engem Benevolat kënnt Dir einfach e Mail u loisirs@fal.lu respektiv u benevolat@fal.lu maachen.


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #Autisport #Sport #ready