Wählen Sie Ihre Nachrichten​

APPELL UN ERWUESSENER MAT AUTISMUS !!


D’Fondation Autisme Luxembourg organiséiert hir nächst Kompetenz-Grupp fir sozial Fäegkeete fir Erwuessener als Presenz-Veranstaltung!!


D‘Treffe fënnt den Donneschden, den 30. Juni um Site vun Info Handicap, 65 Avenue de la Gare, 1611 Lëtzebuerg statt. Vu 18:15 bis 20:00 Auer kënne sech hei Erwuessener mat Autismus iwwert e bestëmmten Theema, wat nach zesumme wäert definéiert ginn, mateneen austauschen.


Mir hunn nach Plaze fräi!! Zéckt net Iech iwwert information@fal.lu ze mellen!


Den Austausch wäert zweesproocheg, op Franséisch an op Lëtzebuergesch, stattfannen.


Gutt ze wëssen: D’Participatioun ass fräiwëlleg. Du kanns och just 1 oder 2 mol laanscht kucke kommen an dono decidéieren ob du weiderhi mat maache wëlls oder net.


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #autismus #grupp #erwuessener