Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éischten Tournoi vum DT Lenneng e groussen Erfolleg

Den DT Lenneng huet de Samschdeg, den 17. September säin éischten Tournoi am Sportzenter A Wëllems organiséiert. Ronn 100 aktiv Dëschtenisspiller(innen) aus dem Veräin an aus dem ganze Land hunn déi optimal Geleeënheet genotzt, eng Woch virum éischten Spilldag vun der neier Saison Spillpraxis ze sammelen. Op der Basis vum Asaz vun de Veräinsmemberen ass och a punkto Organisatioun alles ronn gelaf, esou dat den éischten Tournoi als groussen Erfolleg ze bezeechnen ass. De Veräin seet all Sponsoren villmools Merci fir hiren Engagement!
Um sportleche Plang gouf et keng Victoire, mee duerfir véier Zweetplazen - Yves Wagner (C-Open, Open Handicap), Pol Thill (C2) an Michèle Brandenburger (D2) – an dräimol déi drëtt Plaz: Chris Peters (B Open), Léon Braun (C2) a Pit Scholtes (D3).

Fotoe: Fränz Bingen