Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Helpermaart 2012

D‘Entente Helpermaart déi 1988 gegrënnt gin ass, an Zesummenarbecht mat 7 Veräiner aus der Gemeng Béiwen/Atert, organiséiren den 27. Mai 2012 (also op Päischtsonndeg) den 24. Helpermaart zu Bëschdref.

Den Helpermaart huet eng laang Geschicht um Bockel an huet am Mëttelalter zu engem vun déne gréissten Véihmärt aus der Géigend gehéiert. Joërhonnerte laang bis 1832 ass dëse Maart um Helperknapp , och Helpert genannt, ofgehaale gin.

Programm

Wa mir der Reih no fueren dann fänke mir mam Moies-Kaffi um 07.00 Auer un. Dëse Service offréiere mir de Maartleit déi jo gemengerhand mat den Hinger opstinn an awer och fir déi 1. Visiteuren déi sech mat Zäit op d’Been gemaach hun.

10.00: Ouverture a Präsenz vun den Éiregäscht an de Veräinsvertrieder, encadréiert vun de Burghären vun Useldeng an der Musek aus der Gemeng Béiwen. No der Usprooch vun der Präsidentin Nicole Muller offréiert d’Entente e Pättchen.

Zu déer flotter Atmosphär am Kär vum Duerf droën an der Haaptsaach déi 70 Maart-Stänn bei, wou dir eng interressant Variatioun vun Konscht, Handwierk, Brokant, Austeller an Handel fannt.

Animatioun

Live Musik de ganzen Dag iwer mat Stroossemusikanten (10:00 – 14:00) an der beschtbekannter lëtzeburger „FUNBRASS“ déi ab 14:00 Auer fir Bommestëmmung durch Stroossen vum Duerf suerge wärten.

Mat Workshop, Face-Painting, Zauberei, Ieselreiden, Kanner-Kiirmes a Spillwiss ass fir d’Kanner beschtens gesuergt.

Daat d’ganzt ouni Gefor weil d’Stroosen fir de Verkéier währen der Zäit vum Maart (09:00 – 19:00) gespaart sin.


Fir den Honger

Op Wonsch vun villen Visteuren zerwéiert de Syndicat d’Initiative ee Menu am Sall.

Ausserdem baake mir eis original italienisch Pizzas am aale Baakuewen vum historeschen Haff ‘a Mäsch’, de Grill mat senge Variatiounen, Fritten, Eisekuchen an, last but not least, ë gudde Patt op 3 verschiddene Kiosken.

Wann dir also Päischtsonndeg e flotten Daag wëllt verbrengen dann ass den Helpermaart zu Bëschdref sëcherlech déi richteg Adress. Mir fréen eis op äre Besuch.

www.helpermaart.lu

Weitere Neuigkeiten von Ferd Gloesener-Becker >