Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Botanicus feiert seng 20 Joer

Zënter 20 Joer get et de Betrieb Botanicus zu Bëschdref. Deemols hun drei Leit ugefaangen, an di nei Landschaftsgärtnerei krut den Numm Botanicus, am Logo sin zwou rout Blummen a Graas.

Di éischt Zäit stung haaptsächlich Hecken schneiden a Wues méihnen um Programm, mee haut bidd Botanicus senge Klient'en schéin Amenagementer fir nei Anlagen oder Emgestaltung vun bestehenden Anlagen vun A-Z. Op ee klenge Weiher oder eng Drechemauer, de John Lux, Patron vun desem klengen Mëttelstandsbetrieb beréit seng Klient'en a kontrolléiert laafend seng Projet'en. Seng Madame, d'Gaby Lux- Madrutter as als Sekretärin aus hirem Betrieb nitt ewech ze denken.

Och wann mol kurzfristig wéinst dem Wieder Terminer mussen verreckelt gin, get dach ëmmer probéiert, dat de Klient sein Gaart, oder seng Anlaag fir seng Feier an engem perfekten Zoustand kann firweisen.

Haut schaffen 8 Leit fir Botanicus an den 14. Juli gouf mat den Mataarbichter zu Bëschdref an enger gudder Ambiance gefeiert, an de John Lux huet senger ganzer Equipe merci gesot fir hir Mataarbicht.