De 7. November huet de Foulschter Gesang zu Bruch e Concert am Kader vun de Festivitéite vun "100 Joer Sängerbond Bruch" ginn.
Um Programm stounge bekannte Melodien, wéi Donauwalzer, d’Vilja-Lied, Ich war noch niemals in New-York, Con te partiro, asw.
Dobäi goufe Medley aus dem Disney Film Aladin vun engem Kanner- a Jugendensembel (25 jonk Meedercher a Jongen) presentéiert. Och gouf et Extraiten aus Film a Musicals awer och afrikanesch Kläng.
Dobäi waren och verschidde Solisten a Presentateuren aus den Reie vum Folschter Gesank zu Wuert komm.
Um Fligel huet de Pit Heyart begleet. D'Direktioun hat d'Claire Garçon-Wio.