Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gedenkmass fir all Massendénger zur Éier vun hirem Schutzpatroun

All Joer denken d'Lëtzebuerger Massendénger den 09. Juli un hiren éischte Schutzpatroun, den Hellegen Tarcisius.

Dëst Joer konnte si dat net, wéi gewinnt mat engem Aktivitéitsnomëtteg maachen.

Den Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger, Jean-Pierre Reiners, huet een Donneschdeg den 09.07.2020 moies eng Mass fir all Massendénger um Briddel an der Kierch gehalen.

D'Massendénger an hir Responabel goufen dofir awer opgeruff, Illustratiounen zum Liewe vum hellegen Tarcisius ze maachen a Gebietsintentiounen ranzemailen.


Link vun der Galerie:

https://web.cathol.lu/article9272