Wählen Sie Ihre Nachrichten​

d'Aweiung van enger Commemoratiouns-Plaque om Haus Wilmes- Patz zu Bréidelt


D'Gemeng Wäisswampech an den "Cercle d'Etudes sur la Bataille des Ardennes" (CEBA), haten viran kurzem op Bréidelt invitéiert, dëst am Kader mat der Aweiung van enger Commemoratiouns-Plaque om Haus Wilmes-Patz. An dësem Haus hat d'Famill Wilmes-Patz bis zur Liberatioun durrich d'Amerikaner, den 12.September 1944, 13 Méint lang dräi Refraktären verstoppt. Et woren dëst de Michel Wilmes, Jung aus dem Haus, de Joseph Wagener van Héinischt, de François Eberhard aus dem Neiduarref. Mat dëser Plaquette soll hinnen, an all de Refraktären an Famillijen, déi während der Occupatioun Jungen verstoppt haten, gedeit giänn. Musikalisch ënnermolt gouf dëss Feier vam Clairon Edmond Faber.