Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chrëschtdagsconcert zu Brotebaach

Fir déi festlich Zäit hat vira kuerzem d'Chorale "Sängerbond Brotebaach" den Ensemble Vocal CANTICA an der Kierch op Brotebaach ageladen, déi dem Publikum een ofwieslungräichen Concert gebueden hann.Um Programm woren am éischten Deel vum Owend stëmmig Wierker virgedroe gien, ënner anerem wéi "Rorando Coeli defluant" , "This little light of mine", " Lord of the dance", " O meu menino", a no enger kurzer Paus woren ët den "Ave Maria" , "Missa Brevis", "Jesus Child", an "Shepherd's Child Carol". Dëse Concert stung ënnert der Direktioun vam Jorge Alves mat der Begleedung vam Jos Majerus.

Dee selwichte Concert wor den Owend virdran zu Dikrich an der aler Kierch opgefouert gin.