Wählen Sie Ihre Nachrichten​

konkrete Naturschutz vun de Schoulkanner vu Bous

Op Initiativ vun der lokaler Ëmweltkommissioun , a mat tatkräfteger Ënnerstëtzung vum Fierschter Tom Engel, hunn d’Schoulkanner aus de Grondschoul-Cyclen 3.1 an 3.2 aus der Gemeng Bous vru Kuerzem 30 Nistkästecher gebaut. Dëss Haisercher ginn an , a ronderëm Dierfer vun der Gemeng opgehaangen. Si bidden dann enger Rei Villercher d’Méiglechkeet hei hiren Nowuess grousszezéien. E positiven Nieweneffekt ass, datt doduerch déi natierlech Friessfeinden vum Eichenprozessionsspinner (wéi z. B. d’Schielmees) ënnerstëtzt ginn an der massenhafter Ausbreedung vun dësem Päiperlek entgéintgewierkt gëtt.