Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Grouss Botz an der Gemeng Bous

An Zesummenaarbecht mat de lokale Veräiner huet d’Ëmweltkommissioun vu Bous , den 19. Mäerz hir traditionell «Grouss Botz» organiséiert. Eng 25 motivéiert Awunner hunn dee muttwëlleg ewech geheiten Dreck laanscht Landstroossen, Feld- a Bëschweeër agesammelt. Um Enn sinn esou nees eng etlech Kiloen Dreck zesummekomm. D’Gemeng an d’Ëmweltkommissioun seet all de Fräiwëllege villmools Merci fir hiren Engagement.