Wählen Sie Ihre Nachrichten​

d'Fra ouni Gesiicht

14
Aug
2019
14 Aug 15 Aug 16 Aug 17 Aug

Den Fräiliichtspektakel um Buurschter Schlass geht an d'Verlängerung


Buurschent. Fréijoer 1684…franseich Zaldoten ënner dem Kommando vum Sébastien Le Prestre de Vauban hunn d’Festung Lëtzebuerg belagert. Bis op Esch am Lach, Klierf an Buurschent sin sämtlech Fortifikatiounen an den Hänn vun den Fransousen. Den Här von Metternich, kann d‘Buurschter Schlass net méi laang halen an preparéiert eng Evakuatioun. Dofir brauch hien Hëllef vun sengem Cousin, dem Grof de Lacroix vu Klierf.

Op der Sauer, net weit vun der Buurschter Millen ewech, gëtt eng Fraeläich fonnt. Eng grujeleg Decouverte, well déi Fra huet keen Gesiicht. D’Leit op der Buerg sinn an Oprou. Ween ass déi Fra a wien kennt vir esou eng schänterlech Dot a Fro? Eng mysteriös Geschicht aus der Fieder vum Marco Schank, adaptéiert nom Roman „Das Vermächtnis des Propheten“.

En Fräiliichtspektakel mat historeschem Hannergrond an bëssen Fiktioun. Net manner wéi 40 Acteuren an Statisten spillen vir iech an der authentescher Kuliss vum Buurschter Schlass a maachen mat iech eng Zäitrees an 17. Joerhonnert.

Wann dir Wouericht wëllt gewuer ginn an bei der Opklärung vun dësem schauerichen Muerd wellt derbäi sinn, dann kommt den 9. 10. 14. 15. 16. an 17.August op d’Buurschter Schlass vir iech des eemoleg Inzenéierung unzekucken.

Gespillt gëtt all Owes um 21.00 Auer. Den Entrée ass 20.- Euro. Virun, an no all Virstellung kënnt dir iech an der neier Brasserie vum renovéierten Stolzebuerger Haus restauréieren.

Reservatiounen op reservation@fuusslee.lu oder um Tel. 99 05 70.

www.fuusslee.lu