Wählen Sie Ihre Nachrichten​

MORGENSTERN TRIO um Festival vum Bierger Schlass

Den 31. Januar huet de MORGENSTERN TRIO ee fantastesche Concert am Kader vum "Festival de Musique au Château de Bourglinster" gespillt.

Bei engem quasi ausverkafte Rittersall, am strikte Respekt vun de sanitäre Mesuren, konnt de Publikum déi aussergewéinlech musikalesch Interpretatioun vu Kompositioune vu Beethoven, Fauré a Brahms bewonneren a sech vun hierer legendärer a sensationeller Klangkultur iwwerzeegen a fessele loossen.


Nächst Concerte:

Sonndes, den 28. Februar um 17:00 Auer mam QUINTETT PFORTE

Sonndes, den 14. März um 17:00 Auer mam Albrecht Breuninger (Gei) a Katrin Reifenrath (Piano)


Info: bourglinsterfestival.lu

Reservatioun: Tel.: 78 81 56 oder acb@pt.lu