Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Vill Gléck fir den 90. Gebuertsdag, Marie-Louise!

Viru kuerzem krut d’Marie-Louise Frisch-Schroeder vu Bouneweg 90 Joer.

Hir Famill a Frënn sinn an der Conter Stuff zesumme komm fir de ronne Gebuertsdag ze feieren an der Jubilarin ze gratuléieren. D’Marie-Louise Schroeder ass de 25. Juli 1927 matten an der Stad gebuer. 1949 ass si mam Jean Frisch bestuet ginn, mat dem si e Jong kritt huet an haut däerf si houfreg sinn op hir 2 Enkelkanner an hir 2 Urenkelen.

Mat engem gudden Iessen an engem schéine Gebuertsdagslidd, gespillt vun hirer klenger Urenkelin, goung dat schéint Fest bei beschter Stëmmung op en Enn.