Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Geschenker bei der Caeciliefeier vun der Bouneweger Musik.

No hirem Caecilieconcert an der Kierch hat di Bouneweger Musik hiert traditionelt Caecilieniessen, wou 3 Leit geéiert gi sinn, déi am Laf vum Joer 2014 hir 80 Joer gefeiert hunn: Roger Biver, Erny Bredimus a Pitt Nickels. No hirer laanger Zäit als Musikant zu Bouneweg sinn di dräi nach ëmmer als aktiv Memberen (sief et am Noutenarchiv oder op aner Platzen) am Asaz a sinn esou schonn säit 56 (Roger), 66 (Erny) an 71 (Pitt) Joer am Veräin. De Comité vun der Bouneweger Musik huet deenen 3 treie Membere Merci gesot an hinnen als Belounung e schéint Geschenk iwwerreecht.