Wählen Sie Ihre Nachrichten​

90 Käerzen um Gebuertsdagskuch fir de Raymond Mahnen

De Raymond Mahnen krut den 8. Februar 90 Joer, an dat huet hie mat 46 Frënn, déi gäre seng Invitatioun an de Lisboa II zu Bouneweg ugeholl un, en Owend laang gefeiert.


Als laangjärege President vun der Société municipale des accordéonistes hat hien och “seng“ Akkordeonisten invitéiert, déi hien als seng “Famill” bezeechent. Fir de Jubilar ze éieren hunn d’Akkordeoniste selbstverständlech d’Fest musikalesch encadréiert a mat bekannte Melodien d’Gesellschaft ënnerhalen.

Mir wënschen dem Raymond nach vill schéi Joren dobäi a vill Freed mat a bei senge Frënn.