Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"Junk & Al" um Haupeschfest zou Berdorf

Wéi och schon déi lëscht Joeren waren déi Bollendorfer mat hirem Gromperenkicherchers-Stand op dem traditionellen Haupeschfest den 5. an 6. November 2011 zou Berdorf vertrueden. Herrlecht Wieder huet dozou baigedroen, dat Dausenden vu Leit dée Weekend de Wee op Berdorf fond haten an dësem Fest hiren Stempel opgedrëckt hun. Mee net ze vergiessen all Verainer déi matgemaach hun,souwéi déi iwer 100 Konschthandwierker déi am Fong de Kair vun dëser ausssergewéinlecher Manifestatioun sin. Den Haupeschtmaart ass an der Tëschenzait e "Must" am Manifestatiouns-Kalenner vun der Berdorfer Gemeng gin. En dëckt Kompliment vun "Junk & Al Bollendorf-Brëck" un den Organisateur "Fraen a Mammen Berdorf" fir hiren Asaatz an déi gudd Organisatioun.