Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Julie Seyler-Bodson kritt 90 Joer

D'Julie Seyler-Bodson huet viru kuerzem hir 90 Joer gefeiert. Si gouf de 4. Februar 1923 zu Diddeleng gebuer, huet sech 1948 mam Jos Seyler bestuet, dee leider 2001 verscheed ass. Si huet zäitliewends zu Iechtenach gewunnt, ass dunn nom Doud vun hirem Mann op Bollenduerferbréck wunne gaangen, wou si bis elo nach an hirem Appartement ass. Si huet zwee Kanner – de Guy Seyler an d’Colette Patocka-Seyler, dat an den USA wunnt – an dräi Enkelkanner. D'Famill huet ganz häerzlech gratuléiert. (TEXT/FOTO: GUY SEYLER)